Skip to product information
1 of 1

Editions Schortgen

Perl oder Pica

Perl oder Pica

Regular price $6.99 USD
Regular price Sale price $6.99 USD
Sale Sold out
Shipping calculated at checkout.
Quantity
1963 huet den Norbi, e Bouf vun 12 Joer, keng grouss Wiel. Et ass bal alles verbueden, an iwwert déi meeschte Saache schwätzt een net. Et ginn déi Gutt oder déi Béis, déi Schwaarz oder déi Rout, den Himmel oder d?Hell ? Perl oder Pica, wéi d'Schrëfttypen vun de Schreifmaschinnen, déi de Papp verkeeft. Den Norbi fënnt an der Agenda vu sengem Papp a regelméissegen Ofstänn e Buschtaf, de P. Dëse P stellt hie virun e grousst Rätsel. De Krich ass scho laang eriwwer, awer e geeschtert nach an de Käpp. E Besuch am Monument aux Morts mat der Klass ass wéi e Choc. A wann de P da fir Preis stéing? Fir e Gielemännchen?. Perl oder Pica beschreift eng Lëtzebuerger Kandheet. Et geet ëm d'Sich no der Frëndschaft an der Wourecht, aus der naiver a witzeger Siicht vun engem Bouf. Doriwwer eraus, ass de Roman eng Lëtzebuerger Chronik aus de 60er Joren, enger zimlech onkomplizéierter Zäit, déi dem Erzieler awer ongerecht a verluge virkënnt.
View full details